Erpeldange/Ettelbruck (Orgue Eisenbarth)
Léif Frënn vun Ierpeldeng !
De 4. Abrëll 2003 ass zu Ierpeldeng ënnert dem Numm „Uergelfrënn Ierpeldeng a.s.b.l.“ een Uergelbauveräin gegrënnt ginn. D’Aufgab vun dem Veräin ass et, eng Päifenuergel fir d’ Ierpeldenger Porkierch unzeschafen. Esou en Instrument ass eppes Eemoleges, et ass e Wierk, dat säi Wäert behält, e Wierk, dat och déi Generatiounen no eis begeeschtere kann, an dat säin Deel zur Kultur bäidréit – am Duerf, an der Gemeng an iwwert d’Grenze vun der Gemeng eraus.

No villem Iwwerleeës, zesumme mat eise Beroder, den Hären Professer Norbert COLLING a Jacques THEIS, an nodeems mir eng Rei vun Uergelen hei am Land an am Ausland kucke waren, hu mir eis fir de Projet vun der Uergelbaufirma EISENBARTH vu PASSAU entscheed. Si huet eng Uergel entworf, déi klanglech an architektonesch ganz gutt an eis Kierch erapasst.
Hei d’Dispositioun vun der neier EISENBARTH-Uergel, déi am Juni 2007 an der Ierpeldenger Kierch opgeriicht gëtt (21 Regëster) :
I. Manual C – a ’’’ II. Manual C – a ’’’ Pedal C – f ’
Hauptwerk Schwellwerk
1. Montre 8’ 09. Bourdon 8’ 18. Soubasse 16’
3. Prestant 4’ 11. Voix celeste 8’ab c° 20. Flûte 8’
5. Doublette 2’ 13. Nazard 2 2/3’ Suboctavkoppel II
6. Cornet 3f.2 2/3’ab g° 14. Octavin 2’
Mir hoffen op Är Ënnerstëtzung a soen Iech am Viraus villmols MERCI fir Är wäertvoll Hëllef !
De Comité vun de „Uergelfrënn Ierpeldeng a.s.b.l.“
Siège social : 29, Porte des Ardennes L - 9145 ERPELDANGE
Comitésmemberen
THEIS Jacques, President
AMLUNG Robert, Vize-President
GLEIS Claude, Sekretär
CLERF Jos, Tresorier
DAHM Francis, Sekretär-adjoint
COLLING Norbert, Conseiller technique
Abbé WENNER Nicolas
BAULER André
FALTZ Ferd
FOHL Jean-Pierre
GILS-EILENBECKER Lotty
KLEMMER René
RASSEL Erny
REUTER Marcel
SCHMIT Jean-Paul
SCHROEDER Fernand
STEFFEN Paul
STORCK-DOSTERT Malou
WEIDERT Jean-Pierre, Memberen
A sou kënnt Dir mathëllefen 
Ø Dir gidd Member vum Comité d’honneur : 50.- €
oder Member vum Comité de patronage : 100.- €
Äre Numm gëtt an d’„gëlle Buch“ vun der Uergel agedroen.
Ø Dir gidd Donateur/rice vun enger Päif : 250.- €
Äre Numm gëtt an eng grouss Päif (1) aggravéiert an och an d’„gëlle Buch“ vun der Uergel agedroen.
Ø Dir gidd Pätter oder Giedel vun der Uergel: 500.- €
Äre Numm gëtt an eng Oktav aggravéiert (12 Päifen) an och an d’„gëlle Buch“ vun der Uergel agedroen.
Ø Dir gidd Mäzen vun der Uergel : 1250.- €
Äre Numm gëtt an 1 Regëster (30/58 Päifen) aggravéiert, op der Plaque „JUBILATE DEO“ vermierkt an och am „gëlle Buch“ vun der Uergel agedroen.
D’„gëlle Buch“ gëtt bei der Aweiung am Gehais vun der neier Päifenuergel déponéiert, fir d’Nowelt un all déi ze erënneren, déi op dës Manéier hire Bäitrag zur Finanzéierung geleescht hunn. Jiddfer Donateur/rice, Pätter, Giedel oder Mäzen kritt een Zertifika vun de Päifen iwwerreecht, an déi hire Numm aggravéiert gouf. D’Plaque „JUBILATE DEO“ aus Messing, déi all Mäzenen eenzel dankbar ernimmt, gëtt bei der Aweiung am Agank vun der Kierch opgehaangen.
Dir kënnt Ären Don iwwerweisen op de Bankkonto vun den
„Uergelfrënn Ierpeldeng a.s.b.l“ bei der Raiffeisen-Keess

CCRA IBAN LU71 0090 0000 0845 1692
mat der Mentioun „ Don Orgue d’ERPELDANGE “.
datt all Don
vun 50.- € an driwwer vun de Steieren
ofgesat ka ginn;
d’Prozedur fir vun dësem steierleche Virdeel ze
profitéieren, gëtt Iech um Réck
vun dësem Blat erklärt !
Déi nei Uergel soll erkléngen zur Éier vum Härgott an zur Freed vun allen, déi eis Kierch besichen. Wéi seet den Hl. Benedikt:
„ Näischt soll dem Luef vum Härgott virgezu ginn “ .
Ee grousse MERCI fir Är generéis Hëllef !
………………, le …………………..
A Monsieur Paul REILES
Président du Fonds Culturel National
20, Montée de la Pétrusse
L -2327 Luxembourg
Monsieur le Président,
Je soussigné(e) vous prie de bien vouloir accepter de ma part un don de ____ .- € au profit de l'association "Uergelfrënn Ierpeldeng a.s.b.l.", afin d'aider cette association à financer l'acquisition d'un orgue à tuyaux pour l'église paroissiale d'Erpeldange (Ett.). Votre réponse à ma demande de recevabilité me permettrait de profiter des avantages fiscaux prévus par la loi.
Dans l'espoir que ma demande trouvera un accueil favorable, je vous prie, Monsieur le Président, d'agréer l'expression de mes sentiments très distingués.
(signature)
Nom et adresse:
D’Quittung vun dëser Iwwerweisung erlaabt Iech dann vun deene gesetzleche Steiervirdeler ze profitéieren. Fir Iech dëse Schratt ze erliichteren, hei eng Virlag vum Bréif :
Fir Ären Don (50.- € oder méi) vun de Steieren ofzesetzen […den Total vun all Ären Don’en fir gutt Zwecker muss am Joer de Minimum vun 125.- € erginn!], sidd Dir gebieden, eng Demande un de President vum „Fonds Culturel National“ ze riichten. Eréischt no sengem schrëftlechen Accord kënn Dir Ären Don op de Bankkonto vun der Spuerkees BCEE IBAN LU63 0019 1002 0100 3000 vum «Fonds Culturel National » mat der Mentioun «Uergelfrënn Ierpeldeng a.s.b.l. » iwwerweisen.
7. Fourniture 3-4f. 1 1/3’ 15. Larigot 1 1/3’
8. Trompette 8’ 16. Sifflet 1’ 17. Basson-Hautbois 8’ tr. (II. Man.)
Accouplement Recit / G.O., Tirasse G.O., Tirasse Recit
D’Uschafe vun enger wäertvoller Uergel kascht vill Geld. Mir krute vum Kulturministère a vun der Ierpeldenger Gemeng e Subsid vun jeweils 20% [2 x 54.000.- €] zougesot. Och den Ierpeldenger Kiercherot huet sech generéis um Projet vun der Uergel mat 40% [108.000.- €] bedeelegt. Et bleiwen 20% [54.000.- €], fir déi mir op d’Generositéit vun Donateuren ugewise sinn.
4. Flûte douce 4’ 12. Flute octav. 4’ 21. Basson 16’
2. Flûte ouverte 8’ 10. Gambe 8’ 19. Octave 8’


